Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee. cover art

Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee.

Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee.

By: Françoise Kemp a Martine Kemp
Listen for free

Ee Podcast iwwer Politik, wéi se wierklech ass - no, éierlech an ouni eidel Floskelen. Political Science Politics & Government Social Sciences
Episodes
  • Schutz fir Journalisten, Schutz fir Passagéier – Politik muss liwweren
    Jun 8 2026
    An dëser Episod gräife mir déif an zwee Themen déi méi gemeinsam hunn ewéi ee géif denken. Zu Lëtzebuerg debattéiert d’Chamber de Projet de Loi 8625 – eng Reform vum Pressegesetz déi d’Medielandschaft, vun de Funkwellen bis zu den Influencer vun haut, ëmfaasst. Gläichzäiteg leeft parallel en anere Projet iwwert de Schutz vu Journaliste géint SLAPP-Kloen – a mir erzielen iech firwat eng maltesesch Journalistin mat hirem Liewe bezuelt huet an dorauser eng europäesch Direktiv entstaanen ass. Op EU-Niveau goungen Verhandlungen vun de Fluchpassagéierrechter an déi nächst Ronn. No 11 Joer Blockade am Conseil ass elo déi läscht Méiglechkeet.
    Show More Show Less
    31 mins
  • Ried zur Lag vun der Natioun, en neien Verdéngschtuerden & Videospiller
    May 23 2026
    An dëser Episod schwätze mir iwwer eng Woch déi souwuel zu Lëtzebuerg wéi och zu Stroossbuerg besonnesch war. Zu Lëtzebuerg huet Premier Luc Frieden seng Ried zur Lag vun der Natioun 2026 gehalen – ënner dem Motto “Mateneen. Fireneen.” Zu Stroossbuerg gouf den éischten europäesche Verdéngschtuerden verdeelt – mat ënnert anerem Angela Merkel, Lech Wałęsa a Viviane Reding. Ausserdeem soll en neit FOrmat vun Debatten am Juni getest ginn. A schliisslech: d’Biergerinitiativ “Stop Destroying Videogames” – eng Debatt iwwert Konsumenterechter am digitale Zäitalter déi wäit méi wäit geet wéi nëmme Spiller.
    Show More Show Less
    25 mins
  • Proxy Vote am Mutterschutz, Euthanasie & Finfluencer: Decisiounen tëscht Ethik a Realitéit
    32 mins
adbl_web_anon_alc_button_suppression_t1
No reviews yet