Episodes

  • Episod 123 - De Fall Savannah Gold
    Jun 21 2026
    Am August 2017 mécht dat 21-järegt Savanna Gold sech op de Wee fir op seng Schicht am Bonefish Grill. Hei kënnt Savanna awer leider ni un. Säi Papp a säi Brudder kréie kuerz drop eng komesch SMS: hatt hätt ee Mann kenne geléiert, et kéint dat alles net méi an hatt géif mat deem fortlafen. Dat alles passt awer net zum Savanna an hatt gëtt alles vermësst gemellt. Dat Eenzegt, dat nach fonnt gëtt, ass um Parking säin Auto mat engem opgeschlitzte Pneu. Bei der Iwwerpréiwung vun den Iwwerwaachungskamera kënnt dann ee Mataarbechter mat an d'Spill. Wien ass dat a wat ass hei geschitt, dat alles gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.
    Show More Show Less
    29 mins
  • Episod 122 - Froen an Diskussioune Part 4
    May 31 2026
    Et ass erëm sou wäit, déi alljärlech Diskussiounsronn ass erëm do. Mir schwätzen iwwert Theorië vun ongekläerten a gekläerte Fäll, wéi geféierlech sinn Hobbydetektiven op de soziale Medien, gi weiblechTäter aneschters wouer geholl an nach weider Theemen. Zeckt net a schreift eis gären är Gedanken a Meenungen zu Allem eran.
    Show More Show Less
    56 mins
  • Episod 121 - De Fall Heather Maples
    May 17 2026
    Am Januar 2015 plënnert dat 22-järegt Heather Nicole Maples aus Texas op Tennessee. Hatt erhofft sech hei méi Chancë fir seng Zukunft a säi Studium an esou kritt hatt dann och Ufank August 2015 endlech de Bréif, dass et un der Middle Tennessee State University ugeholl ass. Hatt freet sech immens op de Studium, mee leider sollt et ni dozou kommen, well de 7. August 2015 gëtt d'Heather vu senger beschter Frëndin dout an der Wunneng fonnt. Wat ass hei genau geschitt? Wien ass den Täter? Alles dat an der neien Episod vu Loscht op Mord.
    Show More Show Less
    35 mins
  • Episod 120 - De Fall Collien Fernandes an Deepfakes
    May 4 2026
    An dëser Episod vu Loscht op Mord schwätze mir iwwert de Fall Collien Fernandes. Hatt weess schonn zënter e puer Joer, dass am Internet sougenannten Deepfakes vun him verbreet ginn. Viru Kuerzem ass elo erauskomm, dass dës Deepfakes vu sengem Ex-Mann verbreet goufen. Net nëmme goufen dës verbreet, mee och huet hie komplett virtuell Affären am Collien sengem Numm opgebaut an dat ouni, dass d'Collien eppes dovunner wosst. Wéi dat Ganzt erauskomm ass, huet dat fir ee risege Skandal gesuergt an erëm eng Kéier gewisen, wéi geféierlech kënschtlech Intelligenz ka sinn, wann dës fir schlecht Saachen agesat gëtt. Weider schwätze mir och allgemeng iwwer Deepfakes an aner sexuell Ausbeutungen am Internet.
    Show More Show Less
    35 mins
  • Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann
    Apr 19 2026
    De 15.September 1981 mécht sech dat 10 Joer alt Ursula Herrmann owes mat sengem roude Vëlo op de Wee fir heem. Dat nodeems hatt seng Tatta a säi Monni besicht huet. Hatt sollt awer ni doheem ukommen. Bei enger direkter Sichaktioun vun der Police, kann dem Ursula säi Vëlo fonnt ginn, mee soss feelt awer all Spuer vum Meedchen. Déi kommend Deeg gi bei der Famill Herrmann komesch Uriff gemellt a schlussendlech ass och een Erpresserbréif bei der Famill ukomm. D’Erpresser briechen awer iergendwann de Kontakt of a kuerz drop gëtt d’Ursula Herrmann dout an enger Këscht fonnt. Alles wierkt esou, wéi wann den Doud vum Meedchen een Accident war. Wéi konnt et dozou kommen a wien ass de Schëllegen? An wisou ass de ganze Fall bis haut esou ëmstridden? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
    Show More Show Less
    39 mins
  • Episod 118 - Germanwings Flug 9525
    Apr 5 2026
    De 24. Mäerz 2015 sollt de Vol 9525 vu Germanwings regulär vu Barcelona op Düsseldorf fléien. 145 Passagéier a 6 Crewmembere waren op dësem Vol. Alles leeft normal bis de Pilot d'Steier un de Co-Pilot iwwergëtt a kuerz aus dem Cockpit geet. Dëst wär u sech näischt Besonnesches, mee wat kee wosst ass, dass de Co-Pilot, den Andreas Lubitz ënner Depressiounen an anere psycheschen Erkrankunge gelidden huet. Sou späert dësen sech eleng am Cockpit an a bréngt d'Maschinn an de franséischen Alpe gezielt zum Crashen. Keen u Bord sollt iwwerliewen. Wéi konnt et dozou kommen, dass kee bemierkt huet, dass de Co-Pilot u sech net hätt duerfe fléien? Wéi konnt hien de Pilot ausspären? All dës a wieder Froe versiche mir an dëser Episod vu Loscht op Mord ze klären.
    Show More Show Less
    29 mins
  • Episod 117 - Verschwonnen nom Casting
    Mar 8 2026
    Den 1. Dezember 2014 hätt d'Shannon Madill solle mat sengem Brudder iesse goen, hei daucht déi jonk Fra awer net op. Doropshi geet dem Shannon seng Schwëster bei hatt heem fir ze kontrolléieren ob alles an der Rei ass, mee d'Shannon ass och hei net unzetreffen. Just dem Shannon säi Mann de Joshua ass do a well dat Ganzt awer relativ komesch wierkt, gëtt d'Shannon als vermësst gemellt. Wochen a Méint laang ginn et keng Resultater bei der Sich no der Fra. Bis d'Police beim Shannon sengem Mann opdaucht an hei alles ënnersichen dierf. Wat da geschitt a wéi eng Hiweiser et goufen, gëss du an der neier Episod vu Loscht op Mord gewuer.
    Show More Show Less
    40 mins
  • Episod 116 - Dat falscht Geständnis vum Günther Kaufmann
    Feb 8 2026
    Den 1.Februar 2001 fënnt den däitsche Schauspiller Günther Kaufmann säi Kolleeg a Steierberoder Hartmuth Hagen dout a senger Wunneng op. De Günther verhält sech opfälleg géigeniwwer den Ermëttler a leet och e Geständnis of, an deem hie seet, dass hien an engem Kampf den Hartmut ëmbruecht hätt, andeems hien op hie gefall wier. Spéider sollt sech awer erausstellen, dass dem net esou war. Wien ass dann elo Schold um Doud vum Hartmut Hagen? Firwat gouf hien ëmbruecht? A firwat huet de Günther sech esou verhalen? Alles dat an der neier Episode vu Loscht op Mord.
    Show More Show Less
    30 mins