MIKROSKOP cover art

MIKROSKOP

MIKROSKOP

By: CSV Fraktioun
Listen for free

An dësem Podcast huele mer d'CSV-Deputéiert ënnert d'Lupp, oder besser gesot, de MIKROSKOP. Dir léiert déi 21 CSV-Deputéiert privat a politesch besser kennen. Political Science Politics & Government Social Sciences
Episodes
  • #17 - Emile Eicher
    May 20 2026
    Den Emile Eicher huet säi ganzt Liewen zu Maarnech verbruecht. Dat heescht awer net, dass hien net an der Welt ronderëm komm ass. Ganz am Géigendeel. An dëser Episod vu MIKROSKOP erzielt de sympathesche Politiker aus dem Norden iwwert säi Joer an Australien, säi Wee an d'Politik, deen direkt als Buergermeeschter ugefaangen huet an iwwert déi grouss Erausfuerderunge fir d'Gemengen hautdesdaags.
    Show More Show Less
    32 mins
  • #16 - Stéphanie Weydert
    May 15 2026
    Buergermeechtesch vu Rouspert/Mompech. Deputéiert an der Chamber. Vizepresidentin vun der Fraktioun a vun der Partei. Dat ass d'Stéphanie Weydert, dat een eigentlech ni schlecht gelaunt gesäit. Wéi koum d'Stéphanie esou jonk an d'Politik, wat sinn d'Virdeeler vun enger Fusiounsgemeng an ëm wéi eng Dossiere bekëmmert d'Stéphanie sech an der Chamber. Dat Alles gitt der an dëser Episod vum Podcast MIKROSKOP gewuer.
    Show More Show Less
    33 mins
  • #15 - Martine Kemp
    Apr 17 2026
    Et gouf emol de Sproch "Hast du einen Opa, dann schick ihn nach Europa". Dat trëfft awer op keen esou wéineg zou, wéi op d'Martine Kemp, déi fir d'CSV am Europaparlament ass. Déi 31 Joer jonk Deputéiert steet eis dës Kéier Ried an Äntwert am Podcast MIKROSKOP. Firwat Europapolitik, wat kënne 6 vu 720 Deputéiert erreechen, keng Zesummenaarbecht mat Riets a wéi kritt een als Mamm Politik an d'Geplënners tëscht Stroossbuerg, Bréissel a Lëtzebuerg ënnert een Hutt. Dat sinn nëmmen e puer vun de Sujeten an der Emissioun.
    Show More Show Less
    35 mins
adbl_web_anon_alc_button_suppression_c
No reviews yet